VIDEO: EltronaKeng analog däitsch Chaînë méi vun haut un

Fir d’Offer am HD auszebauen, huet d’Eltrona all analog Signaler vun däitsche Chaînen ofgeschalt.

Keng analog däitsch Chaînë méi vum 6. November un! (25.10.2017)
Fir d’Offer am HD auszebauen, schalt d’Eltrona all analog Signaler vun däitsche Chaînen of. Bis de 6. November muss op en Digitalen Dekodéier emgerüst ginn.
Vum Méindeg u kréien déi Cliente vun der Eltrona, déi bis elo nach keen Decoder hunn, keen däitsche Sender méi. Déi franséisch analog Chaînen hat d’Eltrona scho virun enger Zäit ofgeschalt.
 
D’Eltrona huet dat gemaach, fir méi Bandbreet zur Verfügung ze hunn, fir ënnert anerem nieft dem séieren Internet och 20 weider Chaînen am HD kënnen unzebidden.
 
Wéi fënnt een eraus, ob een zu deene Stéit gehéiert?

Wann ee Client ass bei der Eltrona an nach keen Decoder huet fir d’Télé ze kucken, oder wann een haut scho keng franséisch Chaîne méi kritt, oder wa bei kenger eenzeger Chaîne uewen en HD-Logo ugewise gëtt, da stinn d’Chance grouss, dass een d’Televisioun nach analog kuckt, a riskéiert vum Méindeg u kee Signal méi ze kréien.
 
Fir Froe gëtt et eng Helpline vun der Eltrona : 499 466 888 oder service-clients@eltrona.lu




 

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.