VIDEO-SERIE: Fuerschung zu Lëtzebuerg6. a leschten Deel: Kënschtlech Emotiounen

De Fuerschungs-Standuert Lëtzebuerg ass an de leschte Joren enorm gewuess. E puer Pärelen am Portrait.

E Freideg virun der Allerhellege-Vakanz goufen eng Partie Fuerscher vum Fonds National de la Recherche mat engem Präis geéiert fir hiren Afloss op d'Fuerschung zu Lëtzebuerg. An enger Serie vu Reportagë stelle mer Iech dës Woch d'Laureate vir a ginn een Abléck op de Fuerschungs-Standuert Lëtzebuerg.

Deel 6 (Ofschloss): Kënschtlech Emotiounen
Roboter, déi Emotioune kënnen interpretéieren - esou Technologië ginn och zu Lëtzebuerg entwéckelt. Eng Spin-Off vun der Uni Lëtzebuerg stellt eegestänneg Roboteren hier a programméiert och d'Software. De Roboter kann ënnert anerem agesat ginn fir Therapië mat autistesche Kanner.

Serie Fuerschung (6): Kënschtlech Emotiounen (04.11.2017)
Roboter, déi Emotioune kënnen interpretéieren, esou Technologië ginn och zu Lëtzebuerg entwéckelt.


Deel 5: Bakterien a Kläranlagen

Nei innovativ Technologien entwéckelen, dat huet sech de LIST, de Lëtzebuerger Institut fir Wëssenschaften an Technologien, op de Fändel geschriwwen. De Christian Penny ass zanter 2010 beim LIST, de Mikro-Biolog beschäftegt sech mat der Waasserqualitéit, aktuell fuerscht hien iwwert Bakterien am Drénkwaasser, méi genee geet de Chercheur der Fro no, wéi eng Bakterien duerch de Klär-Prozess zerstéiert ginn a wéi eng net.

Serie Fuerschung (5): Bakterien a Kläranlagen (03.11.2017)
Nei innovativ Technologien entwéckelen, dat huet sech de LIST, de Lëtzebuerger Institut fir Wëssenschaften an Technologien, op de Fändel geschriwwen.


Deel 4: Energië vun der Zukunft als Projet an der Schoul
Serie Fuerschung (4): Zukunftsenergien als Schoulprojet (02.11.2017)
De Fuerschungs-Standuert Lëtzebuerg ass an de leschte Joren enorm gewuess.


De Schüler erneierbar Energien schmackhaft maachen an hinne méi nobréngen, wéi dës Technologie funktionéieren. Dat hu sech de Will Reiter an de Guy Putz, zwee Proffen vum Lycée Technique vun Ettelbréck zur Missioun gemeet. D’Schüler kënne selbststänneg, Projeten ronderëm d’ Energie-Versuergung vun der Zukunft entwéckelen.



Deel 3: Modell vu mënschlechem Daarm
Serie Fuerschung (3): Modell vum mënschlechem Daarm (01.11.2017)
De Paul Wilmes an den Pranjul Shah hunn am Institut fir systemesch Bio-Medezin vun der Universitéit Lëtzebuerg e Modell vun engem kënschtlechen Daarm entwéckelt


De Paul Wilmes an den Pranjul Shah hunn am Institut fir systemesch Bio-Medezin vun der Universitéit Lëtzebuerg e Modell vun engem kënschtlechen Daarm entwéckelt. Den LCSB bedreift aktiv Fuerschung ronderëm Parkinson. De Fuerschungszenter huet speziell dofir ee kënschtleche Modell vum Daarm entwéckelt, dee nei Méiglechkeete bitt an dat net nëmmen an der Parkinson-Fuerschung.

© Pierre Weimerskirch / RTL Télé Lëtzebuerg

© Pierre Weimerskirch / RTL Télé Lëtzebuerg

Deel 2: Lëtzebuergerin am Paraguay
D’Lëtzebuerger Archeologin Esther Breithoff huet hir Dokter-Aarbecht op der Universitéit zu Bristol iwwert den Chaco-Krich geschriwwen. Dofir war si och fir Ausgruewungen an der Regioun a Südamerika, et waren déi éischt déi iwwerhaapt iwwert dëse Krich gemaach goufen, mëttlerweil steet de Site ënner nationalem Denkmalschutz.

Serie Fuerschung (2): Lëtzebuergerin am Paraguay (31.10.2017)
D’Lëtzebuerger Archeologin Esther Breithoff huet hir Dokter-Aarbecht op der Universitéit zu Bristol iwwert den Chaco-Krich geschriwwen.

La Guerra Estupida, den domme Krich, heescht en am bolivianesche Sproochgebrauch. Tëscht 1932 a 35 hu Bolivien a Paraguay e Krich gefouert, wou et ëm den Norddeel vum Gran Chaco gaangen ass, eng Regioun, déi eigentlech mënscheneidel a wirtschaftlech oninteressant ass.


Deel 1: Iessgewunnechten a Gesondheet

Serie Fuerschung (1): Iessgewunnechten a Gesondheet (30.10.2017)
De Fuerschungs-Standuert Lëtzebuerg ass an de leschte Joren enorm gewuess.


D’Bakterien am Daarm hunn een Afloss op eis Gesondheet. Wei ee genee, där Fro ass den Mahesh Desai vum Lëtzebuerger Institut fir Gesondheet nogaangen. D’ Resultater vun der Etüd si relativ einfach ze verstoen. Ësst een net genuch Ballaststoffer, also Uebst a Geméis,  gräifen d’ Bakterien den Daarm un. Versteet ee besser wei Krankheeten en stinn, kann ee se besser heelen, respektiv den Ausbroch verhënneren, ee Fuerschungsfeld dat och zu Lëtzebuerg bedriwwe gëtt.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.