Tëscht dem Irgäertchen a SandweilerUergen Accident tëscht 3 Gefierer, Stau a béide Richtungen

Accident op der N2 tëscht dem Rond-Point Irgäertchen an dem Rond-Point Sandweiler. 2 Autoen an ee Camion sinn dra verwéckelt.

© Domingos Oliveira/RTL
D'Strooss ass zum Deel blockéiert. Stau a béide Richtungen, och schonn erop op d'A1 bis an den Tunnel Cents. Den Trafic a Richtung Sandweiler gëtt laanscht den amerikanesche Kierfecht ëmgeleet.

Den ACL réit, déi ganz Géigend z'evitéieren.

1 Persoun ass schonn an d'Spidol bruecht ginn, eng aner muss nach aus dem Gefier erausgeschnidde ginn.