Eed ofgeluecht13 weider Buergermeeschtere goufe vereedegt
Genee 30 Deeg no de Gemengewahlen vum 8. Oktober goufen um Mëttwoch de Moien weider 13 Buergermeeschteren an hir Schäfferéit vereedegt.

13 weider Buergermeeschtere goufe vereedegt - vum N. Gautier |
Et ass genee 10.30 Auer. An am Plaz, datt elo den Inneminister Dan Kersch d‘Wuert géif ergräifen, muss mol d’Gebai geraumt ginn. Et ass Feieralarm, wéi sech erausstellt, stoung ee Waasserkocher op enger ongënschteger Plaz. Mat e bësse Verspéidung fänkt duerno dann den offiziellen Deel vun der Zeremonie un, mat der Ried vum Dan Kersch, déi an de groussen Zich déi selwecht wéi um Dënschdeg war.
Vum Inneministère als Partner an net als Chef fir d’Gemengen ass do rieds gaangen. Vu Courage, déi d’Buergermeeschter opbruecht hunn, an nach an d’Zukunft mussen opbréngen, eng Rei Erausfuerderunge waarden nämlech op d’Gemengepappen a –Mammen.
"Fir déi meescht ass dat hei keen Neiland méi, mä et sinn och eng Rei Leit dobäi, déi fir d'éischt Verantwortung an der Gemengepolitik iwwerhuelen a si wäerte ganz séier mierken, dass virun allem ganz vill Fangerspëtzegefill gebraucht gëtt, vill Gedold an och d'Fäegkeet, Kritik anzestiechen an heiansdo och ongerecht Kritik," erkläert den Inneminister.
Konform sinn a sech senger Linn trei bleiwen. Dat wëll een och zu Fréiseng. Do ass déi fréier CSV-Buergermeeschtesch Marie-Louise Aulner an d’Oppositioun gesat ginn, huet kuerz drop aus gesondheetleche Grënn hire Posten am Gemengerot awer opginn. Den neie Buergermeeschter an der Gemeng ass de Roger Beissel.
"Dem Minister seng Ried huet mir ganz gutt gefall. Et mécht mir Courage an et huet mir och puer Iddie ginn, wéi ech mäin Amt nach kann ausféieren: datt een net all Mënsch alles ka gerecht maachen. Mir mussen eis un eis Gesetzer halen an da probéieren, dat Bescht dorausser ze maachen," seet hien.
Eng aner Gemeng, wou et ee Changement un der Spëtzt gëtt, ass zu Géisdref. Do konnt sech d’Christa Majerus-Schmitz ouni politesche Background duerchsetzen a féiert mat hirem Schäfferot déi nächst 6 Joer d’Gemeng. Eng Aufgab, un déi sech d’Christa Majerus-Schmitz mat Zouversiicht eruntraut.
"Et ass vill Neiland dobäi, mä et ass een ni ganz eleng. Et ass e ganz gudde Grupp ronderëm. Et sinn al Huesen, nei Huesen dobäi. Ech denken, nëmmen am Grupp zesummen kann e wierklech eppes bewierken", mengt d'Christa Majerus-Schmitz.
Eng aner Fra, déi besonnesch Opmierksamkeet vun der Presse krut, ass d’Natalie Silva, eng Lëtzebuergerin mat kapverdianeschen Originnen, déi elo an der Fiels un der Spëtzt sëtzt, nodeems de fréiere Buergermeeschter Pierre Wies no 26 Joer net méi matgoung.
"Et war mir net bewosst. Ech si mat an dës Wahle gaangen, well ech scho Schäffe viru 6 Joer war. Dat war kengem esou opgefall, dat war sans plus," erzielt si.
Um Mëttwoch de Moien waren d’Buergermeeschter a Schäffen aus de Gemengen Dippech, Ierpeldeng un der Sauer, Esch-Sauer, Ettelbréck, Fréiseng, Géisdref, Gréiwemaacher, Groussbus, Hesper, Jonglënster, Käerch, d'Stauséigemeng an d’Fiels vereedegt ginn. Mëttes war et dunn un 11 weidere Gemengen.
Hei den offizielle Communiqué:
pour la commune de Dippach:
Madame Manon Bei-Roller, nommée aux fonctions de bourgmestre par arrêté grand-ducal du 28.10.2017
Monsieur Max Hahn, nommé aux fonctions d'échevin par arrêté ministériel du 08.11.2017
Monsieur Jean-Paul Bleser, nommé aux fonctions d'échevin par arrêté ministériel du 08.11.2017.
pour la commune d’Erpeldange-sur-Sûre:
Monsieur Claude Edouard Gleis, nommé aux fonctions de bourgmestre par arrêté grand-ducal du 28.10.2017
Monsieur Romain Pierrard, nommé aux fonctions d'échevin par arrêté ministériel du 08.11.2017
Monsieur Gilbert Louis Leider, nommé aux fonctions d'échevin par arrêté ministériel du 08.11.2017.
pour la commune d’Esch-sur-Sûre:
Monsieur Marco Schank, nommé aux fonctions de bourgmestre par arrêté grand-ducal du 28.10.2017
Monsieur Franco Pereira-Gonçalves, nommé aux fonctions d'échevin par arrêté ministériel du 08.11.2017
Monsieur Jeannot Sanavia, nommé aux fonctions d'échevin par arrêté ministériel du 08.11.2017.
pour la Ville d’Ettelbruck:
Monsieur Jean-Paul Schaaf, nommé aux fonctions de bourgmestre par arrêté grand-ducal du 28.10.2017
Monsieur Bob Steichen, nommé aux fonctions d'échevin par arrêté ministériel du 08.11.2017
Monsieur Christian Steffen, nommé aux fonctions d'échevin par arrêté ministériel du 08.11.2017.
pour la commune de Frisange:
Monsieur Roger Beissel, nommé aux fonctions de bourgmestre par arrêté grand-ducal du 28.10.2017
Monsieur Marcel Mousel, nommé aux fonctions d'échevin par arrêté ministériel du 08.11.2017
Monsieur Carlo Raus, nommé aux fonctions d'échevin par arrêté ministériel du 08.11.2017
pour la commune de Goesdorf:
Madame Christa Schmitz ép. Majerus, nommée aux fonctions de bourgmestre par arrêté grand-ducal du 28.10.2017
Monsieur Marc Siebenaller, nommé aux fonctions d'échevin par arrêté ministériel du 08.11.2017
Monsieur Claude Gilson, nommé aux fonctions d'échevin par arrêté ministériel du 08.11.2017
pour la Ville de Grevenmacher:
Monsieur Léon Marie Joseph Gloden, nommé aux fonctions de bourgmestre par arrêté grand-ducal du 28.10.2017
Madame Monique Mathilde Hermes, nommée aux fonctions d'échevin par arrêté ministériel du 08.11.2017
Monsieur Marc Krier, nommé aux fonctions d'échevin par arrêté ministériel du 08.11.2017
pour la commune de Grosbous:
Monsieur Paul Engel, nommé aux fonctions de bourgmestre par arrêté grand-ducal du 28.10.2017
Monsieur Armand Olinger, nommé aux fonctions d'échevin par arrêté ministériel du 08.11.2017
Monsieur Marc Goelff, nommé aux fonctions d'échevin par arrêté ministériel du 08.11.2017
pour la commune de Hesperange:
Monsieur Marc Lies, nommé aux fonctions de bourgmestre par arrêté grand-ducal du 28.10.2017
Madame Diane Adehm, nommée aux fonctions d'échevin par arrêté ministériel du 08.11.2017
Monsieur Georges Beck, nommé aux fonctions d'échevin par arrêté ministériel du 08.11.2017.
Monsieur Romain Juncker, nommé aux fonctions d'échevin par arrêté ministériel du 08.11.2017.
pour la commune de Junglinster:
Monsieur Romain Reitz, nommé aux fonctions de bourgmestre par arrêté grand-ducal du 28.10.2017
Monsieur Gilles Baum, nommé aux fonctions d'échevin par arrêté ministériel du 08.11.2017
Madame Françoise Hetto-Gaasch, nommée aux fonctions d'échevin par arrêté ministériel du 08.11.2017.
pour la commune de Koerich:
Monsieur Jean Wirion, nommé aux fonctions de bourgmestre par arrêté grand-ducal du 28.10.2017
Monsieur Norbert Welu, nommé aux fonctions d'échevin par arrêté ministériel du 08.11.2017
Monsieur Yves Weyland, nommé aux fonctions d'échevin par arrêté ministériel du 08.11.2017.
pour la commune du Lac de la Haute-Sûre:
Monsieur René Michels, nommé aux fonctions de bourgmestre par arrêté grand-ducal du 28.10.2017
Monsieur Francis Schon, nommé aux fonctions d'échevin par arrêté ministériel du 08.11.2017
Monsieur Nico Majerus, nommé aux fonctions d'échevin par arrêté ministériel du 08.11.2017.
pour la commune de Larochette:
Madame Natalie Silva, nommée aux fonctions de bourgmestre par arrêté grand-ducal du 28.10.2017
Monsieur Nico Dhamen, nommé aux fonctions d'échevin par arrêté ministériel du 08.11.2017
Monsieur Joël René Weis, nommé aux fonctions d'échevin par arrêté ministériel du 08.11.2017.
|
Är Commentairen - Netikett
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.