StudentefoireRumänien, Dänemark a Japan sinn nei derbäi

An der Luxexpo ass déi 31. Editioun vun der Studentefoire. D’Zil ass et, déi Jonk iwwert déi national an international Universitéiten z'informéieren.

© Frank Elsen / RTL Radio Lëtzebuerg
Et sinn Universitéiten aus 13 verschiddene Länner op der Foire vertrueden. Nei derbäi si Japan, Dänemark an Rumänien.

Studentefoire - De Reportage vum Frank Elsen

Eng vun deenen ass d’Universitéit vun Oradea aus Rumänien. Hei studéieren aktuell eng 600 international Studenten, ënnert anerem Ekonomie, Biologie a Philosophie. D’Zil ass et an Zukunft och Lëtzebuerger unzezéien, erkläert de Vize-Rektor, Eugen-Victor Macocian. D'Foire wier eng gutt Geleeënheet fir op sech opmierksam ze maachen.

Rumänien, Dänemark a Japan géifen dann och zu deene Länner zielen, déi ëmmer méi international ginn, heescht et vum Héichschoulminister Marc Hansen. Ënnert anerem géif een an der Fuerschung enk mat Japan zesummen schaffen. D’Studentefoire steet dëst Joer iwwregens ënnert dem Motto “Go Digital”, dat well ëmmer méi Beruffer digital ginn, sou de Marc Hansen.

Eng 1'000 Studenten gi sech dëst Joer op der Foire erwaart. Déi meeschte kommen dann och fir sech z’informéieren. Verschiddener hu scho kloer Virstellungen dovunner wat se wou studéiere wëllen, anerer kucke sech einfach mol ëm wat et sou alles gëtt.

Ronn 200 Stänn sinn dëst Joer op der Studentefoire präsent, déi eben nach bis e Freideg den Owend 18 Auer dauert.       



Studentefoire: Wat sollen d'Lëtzebuerger studéieren? (08.11.2017)
En Donneschdeg an e Freideg ass an de Foireshalen nees d'Studentefoire.


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.