VIDEOSozial Economie: Fir d'Grande-Duchesse keng Utopie

D'Grande-Duchesse huet ugangs der Woch zu Paräis zwee Deeg laang un engem Sommet iwwer sozial Economie deel geholl. A Si gleeft un dës Visioun.

Sozial Entreprisen: Fir d'Grande-Duchesse keng Utopie (09.11.2017)
D'Grande-Duchesse huet ugangs der Woch zu Paräis zwee Deeg laang un engem Sommet iwwer sozial Economie deel geholl.

A Si gleeft un dës Visioun.

Eng Welt ouni Aarmut, ouni Chômage, an ouni CO2-Emissiounen – kléngt utopesch? Net fir eis Grande-Duchesse. Si gleeft un dës Visioun vun enger besserer Welt, wou de Räichtum méi gerecht verdeelt ass. De Wee dohinner géing iwwert de "Social Business" féieren. E Geschäftsmodell, dee Kapitalismus mam soziale Volet verbënnt. Konkret bedeit dat, dass d'Haaptzil vun enger Entreprise d’Léise vu sozialen an ökologesche Problemer ass. Mee wéi leeft dat an der Praxis of? Wéi finanzéiert sech eng sozial Entreprise? Mir hu mat der Grande-Duchesse zu Paräis ee "social Business" besicht.

Wéi ee mat enger einfacher Iddi e positiven Impakt op d’Gesellschaft kann hunn, gesäit een zu Paräis. Op 5 verschiddene Plazen uechter d’franséisch Haaptstad sti Kiosken vum Projet "Lulu dans ma rue". Sicht een eng Persoun déi mam Hond spadséiere geet, e Babysitter oder een dee Fënstere botze kann, mellt ee sech einfach am Kiosk, dee quasi d’Funktioun vun enger Conciergerie huet.

Esou hëlleft een net nëmmen de Leit, déi ee klenge Service brauchen, mee och de sougenannte Luluen, déi d'Aarbechte maachen a sech iwwert en zousätzlecht Täschegeld freeën. E Konzept wat och der Grande-Duchesse gefält.

Uganks der Woch war Si zu Paräis fir de "Global Social Business Summit" am Asaz an huet dës kleng Entreprise besicht. Zwee Deeg laang war d'Haaptstad nämlech den Hotspot fir sozial Entrepreneuren, Investisseuren a politesch Representanten. D'Zil vum "Social Business" ass et de Kapitalismus nohalteg ze gestalten andeems een am Plaz vum Profit, d’Léise vu sozialen an ökologesche Problemer an de Mëttelpunkt réckelt.

Dee wuel bekanntesten Aspekt vun der sozialer Economie ass de Mikro-Kredit. Domat huet nämlech alles ugefaang. D'Iddi kënnt vum Mohammad Yunus, an se ass ganz einfach: deene Mënschen e Kredit ginn, déi bei enger normaler Bank nimools eng Chance hätten.

Virun allem an aarme Länner, wéi Indien oder an Afrika, spille Mikrofinanz-Instituter, déi Mikro-Kreditter, Versécherungen oder Spuerkonte verginn, eng grouss Roll.

Zréck an d'Stroosse vu Paräis bei de Kiosk vu "Lulu dans ma rue". Am Géigesaz zu enger karitativer Associatioun, hänkt dëse Projet net vun Donen, mee vun Investitiounen of. An de Profit deen erauskënnt, gëtt rëm reinvestéiert. Dat mécht et zu engem "Social Business". An de Konzept vun de Lulue kënnt och wäit iwwer d'Grenze vu Frankräich eraus gutt un.

Ëmmer méi Länner sinn drun interesséiert d'Iddi z’iwwerhuelen. Eng Iddi, déi net nëmme wirtschaftlech opgeet, mee och de Mënschen eppes zréck gëtt.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.