VIDEO: EltronaOut (och) fir den analogen Radio

Mam Iwwergang vun Analog op Digital kann een och déi analog Radios-Programmer net méi sou einfach empfänken.

Eltrona: Out(och)fir analogen Radio (09.11.2017)
Mam Iwwergang vun Analog op Digital kann een och déi analog Radios-Programmer net méi sou einfach empfänken.
Vum leschte Méindeg u kréien déi Cliente vun der Eltrona, déi bis elo nach keen Decoder hunn, keen däitsche Sender méi. Déi franséisch analog Chaînen hat d’Eltrona scho virun enger Zäit ofgeschalt. D’Eltrona huet dat gemaach, fir méi Bandbreet zur Verfügung ze hunn, fir ënnert anerem nieft dem séieren Internet och 20 weider Chaînen am HD kënnen unzebidden.

An de Geschäfter vun der Eltrona ass ablécklech eng méi lass. Iwwer 5.000 Cliente goufen zanter dem 31. Oktober zerwéiert.



Mam Ofschalte vun der analoger Télé sinn och eng ronn 15 Radiostatioune fort. Dat sinn d'UKW-Frequenzen. Déi konnt ee bis ewell iwwer d'Gemeinschaftsantenn lauschteren. Mëttlerweil kann een eng 46 Radiostatiounen an digitaler Qualitéit lauschteren.



Ma op der Télé kéint een awer weiderhin Radio lauschteren. 

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.