ArcelorMittalËmsaz vun 17,6 Milliarden US-Dollar am 3. Trimester

De Stolkonzern ArcelorMittal huet am drëtten Trimester vun enger méi héijer Nofro souwéi méi héije Präisser konnte profitéieren.

Sou ass den Ëmsaz op 17,6 Milliarden US-Dollar geklommen. Zejoert ëm déi selwecht Zäit waren et 14,5 Milliarden. Dat huet de Konzern um Freideg bekannt ginn.

Dat operatiivt Resultat, den Ebitda, louch mat 1,92 Milliarden Dollar ongeféier um selwechte Niveau wéi d'lescht Joer.

LINK: Resultater ArcelorMittal.

Arcelor Mittal schwätzt am Communiqué vu favorabele Konditiounen um Marché, déi sech verbessert hätten. D'Demande fir Stol géif positiv bleiwen.  Fir de CEO Lakshmi Mittal bleift d'Ëmsetzung vum Strategieplang "Action 2020" eng Prioritéit.