Sponsored Content
De Cadran oder d’Gesiicht vun enger Auer!

Op engem technesche Plang, ass de Cadran näischt anescht wéi eng einfach metalle Plaque déi aus Messing, Stol, Gold oder Sëlwer ass.

An awer ass et dëst klengt Stéck wat eis all déi komplex Informatioune iwwert d’mechanesch Beweegung vun eiser Auer also vun der Zäit liwwert.

Ganz dacks, gëtt de Cadran just als Accessoire an der ganzer Komplexitéit vun enger Auer bezeechent. De Cadran huet awer déi wichteg Aufgab fir op nëmmen e puer Quadrat-Zentimeter harmonesch d’Elementer déi e ganzt Auerwierk liwwert, unzeweisen.


De Cadran suergt also datt d ’Tëschespill tëscht den Zieleren ëmmer propper a sécher funktionéiert.

Et ass de Schéinsten, de Sophistikéierten, de Cadran huet awer just als eenzeg Basis Funktioun: lieserlech ze sinn!

D’Hierstellung vun engem Cadran kann een als Konscht-Handwierk bezeechnen wou Talent, Traditioun a Geheimnisser vu Generatioun zu Generatioun iwwerdroe ginn.

Fir dat, muss de Cadrannier eng sëllechen handwierklech Techniken kennen, wou verschiddener dovunner jorhonnerten al sinn a schlussendlech just nëmmen nach vun  e puer eenzelne Hiersteller gemeeschtert ginn.

Eng garantéiert Traditioun

De Guillochage zielt zu enger vun den eelsten Techniken déi et scho säit Jorhonnerte gëtt also d’Konscht enger Auer och eng “Séil” ze ginn.

Et ass keen anere wéi den Abraham-Louis Breguet, de Grënner vun der Auere-Marque BREGUET, deen am Joer 1786 dëst Technik agefouert huet a vu sengen Nofolger nach bis haut op déi impressionnanste Manéier  ugewannt gëtt.

De Guillochage vun engem Zifferblat besteet doranner fir riicht a ronn Furchen ze gravéieren. Dës Furchen iwwerschneide sech an erginn esou en onendlecht Muster wat souzesoe mam Liicht spillt.


Dës Technik ass en Zeeche vu Qualitéit an erlieft an de leschte Joeren nees un Opschwong mat Mustere wéi “Clou de Paris” oder “Grain d’Orge”.

Och wann de Guillochage mat der Hand nach ëmmer déi exzeptionellste Methode ass, sou hu sech awer während dem XX. Jorhonnert och industriell Prozesser sech dës Technik ugëeegent.

Dës maschinnell Manéier fir en Zifferbalt ze “stempelen” fënnt een ganz dacks bei Aueren déi am Ufank oder am Moyen de Gamme ze fanne sinn.

Déi meescht gesichte Form ass nach ëmmer d’”Petite et Grande Tapisserie”, Musteren déi sech aus pyramidale Formen zesummesetzen déi vun engem einfache Gitter getrennt sinn.

Zwou Auere-Marquen maache regelméisseg mat sou Motiver op sech opmierksam: PATEK PHILIPPE mat der “Aquanaut” – déi dëst Joer hiren 20. Anniversaire feiert an d’”Royal Oak” vun AUDEMARS PIQUET.

Grouss Fäegkeeten

D’Haus PATEK PHILIPPE weist och nees wéi hier Handwierker aussergewéinlech Saache maachen. Sou ass eng Reproduktioun vun den arabeschen faïence Plättercher “Azulejos” am Émail  en absolut Konschtwierk.

D’Konschtwierk ass hei mat engem duebel bemoolten Zifferblat vun de Calatrava Aueren reproduzéiert ginn.

D’Realisatioun ass op enger klenger ronner gëllener Plaque gemat ginn, dës Plaque ass sougesinn als “Toile” benotzt ginn fir dëst Miniatur-Konschtwierk fäerdeg ze stellen.

Mat engem erstaunlechen Zesummespill u Blotéin, konnt eng optesch Täuschung gemat ginn déi engem d’Gefill gëtt et géif een d’Reliefe vun all eenzel Plättche gesinn.

D’Fabrik JAEGER-LECOULTRE huet am Kader vun der leschter Biennale zu Veneedeg, 3 Versiounen vun hirer Dammen-Auer “Rendez-Vous Sonatina” erausbruecht.

Bei all de Stécker vun dëser Kollektioun, gëtt een un all Rendez-Vous erënnert an dat duerch e klenge geheimnisvolle Stär deen een um Zifferblat bewege kann.

Dës 3 Stécker si mat den Nimm “Séduction”, “Romance” an “Amour” gedeeft ginn, alleguerten si se just an enger limitéierter Ausgab ze fannen. Heimat hunn d’Handwierker aus der Vallée de Joux nees bewisen wéi gutt si an dësem “seelene Beruff” sinn.

En Know-How deen eemoleg ass

JAQUET DROZ eent vun deenen eelsten a prestigiéisten Haiser déi enger Auer den nobele Schlëff verpasst huet.   

Am 17. Jorhonnert, méi genau um spueneschen Haff huet JAQUET DROZ sech en Numm gemat. Leider ass den Hiersteller uschléissend fir 200 Joer verschwonnen, fir am Joer 2001 op en Neits, ënnert dem Impuls vum Nicolas Hayet an dem Swatch Group, nees opzebléien.

De Pierre Jaquet Droz huet säin éischten Atelier zu Chaux-de-Fonds an der Schwäiz opemat. Auermécher, Hiersteller vu Pendelen, mechanesche Villercher déi sangen bis op Automaten, de Pierre Jaquet Droz war schonn zu där Zäit en Numm dee bekannt war.

Am Joer 1758 ass den Hiersteller op den Haff vum Spuenesche Kinnik Ferdinand VI gereest fir seng Wierker virzestellen. Dem Kinnik seng Begeeschterung vun dësem helveteschen Handwierker war esou grouss, datt de Ferdinand VI all d’Stécker vum Pierre Jaquet Droz kaf huet.

Dës war den Ufank vun enger wonnerbarer Carrière déi awer mam Doud vum Grënner am Joer 1790 fäerdeg war.

Et ass eréischt an eisem Jordausend wou d’Auere-Marque operstanen ass fir d’Traditioun an d’Expertise vum Grënner nees opliewen ze loossen.

Les magiciens du cadran

D’Handwierker vu Jaquet Droz si Meeschteren an Techniken wéi den Émail Grand Feu, d’Molerei op Émail, d’Skulptéieren oder d’Technik vum Paillonéieren.

Den Émail Grand Feu verbënnt déi traditionnel Hierstellungsmethode mat den Technologien vun de leschte Generatiounen.

D’Cadraniersen schaffe mat de rengsten a feinste Pudderen wéi och mat deene beschte Präzisiounsschäffecher fir Zifferblieder a Faarwen ze maachen, vun deenen nëmme si d’Geheimnisser kennen.

Den Émail Grand Feu ass säit dem 18. Jorhonnert dat Zeeche mat deem d’Auere vu Jaquet Droz sech vun all deenen aneren ënnerscheet.

Eng aner Konscht vu fréier déi elo nees am 21. Jorhonnert gebraucht gëtt – d’Molerei op Émail. Mat engem Mikroskop moolt de Kënschtler mat der Hand deen Décor deen de Cadran herno soll hunn.


All dës Motiver sinn natierlech och Eenzelstécker oder gi just an extrem klenge Quantitéite produzéiert.

Et brauch am Duerchschnëtt eng ganz Woch fir een eenzegt Zifferblat fäerdeg ze kréien. 

De seelene Beruff mat deem ochrichteg Konschtwierker gemat ginn, ass d’Zifferblieder aus Nakker oder Onyx ze schafen op déi winzeg kleng Skulpturen oder Motiver drop skulptéiert, gemoolt oder einfach an Naturfaarf gelooss ginn.


Jaquet Droz léisst awer och nach en anere Beruff nees an d’Liewe geruff: Paillonéieren

Eng sëlleche Motiver oder Pailletten déi aus Blatgold oder Blatsëlwer erausgeschnidde ginn, ginn op en émailléierten Fong gesat an herno mat der Glasur vum Émail selwer iwwerdeckt.

Dës Technik gouf iwweregens schonn am 17. Jorhonnert zu den Haaptkönschte gezielt.


Schlussendlech ginn et nach aner “Zauberer” déi d’Feinheete vun enger Dammen-Auer ervirhiewen nämlech mat klengen Automaten; engem Villchen dee séngt oder enger Lotusblumm déi opgeet an en Häerz aus Diamante weist.


Journées de la passion

An e puer Deeg, de 17., 18. An 19. November ginn am Kader vun de JOURNEES DE LA PASSION 2017 am Cercle Cité an der Stad net manner wéi 30 verschidden Auer-Marquen ausgestallt.

Ausserdem kann een nach vun dëse Saachen während der Manifestatioun profitéieren:

  • Eng Retrospektiv op de Lien deen d’Horlogerie mat der Aviatioun huet, all d’Exploiten an d’Helden déi et an dem leschte Jorhonnert goufen. Ënnerstrach gëtt dës Retrospektiv mat der Presentatioun vun extrem raren historesche Stécker.
  • De Samschdeg 18.11.2017 an de Sonndeg 19.11.2017 tëscht 13:00 an 18:00 kënnt Dir op Rendez-Vous (Tél: 0044 783 264 5455) Är Aueren a Braceleten vun engem Expert aus dem Haus Sotheby’s vu London expertiséiere loossen.