VIDEO: Faillite Sermelux2015 hu 5 Mio. € a Keess gefeelt, Plainte deposéiert

Wéi et heescht, hätt d’Entreprise hir 80 Salariéen eréischt e Freiden den Owend informéiert, datt si dës Woch net méi bräichte schaffen ze kommen.

Faillite Sermelux / Reportage Nico Graf



Um Dënschdeg um 14 Auer war eng Sitzung mat de betraffene Leit, fir hinnen alles ze erklären an och fir weider Informatiounen ze kréien.

Am Laf vun dëser Woch soll d’Faillite gesprach ginn.

D'Faillitte vun der Entreprise Sermelux vu Kielen kéint eng kriminell Ursaach hunn. Dat huet um Dënschdeg den Affekot vun der Entreprise op enger Pressekonferenz duerchblécke gelooss. Effektiv sinn am Joer 2015 eng 5 Milliounen Euro aus der Keess verschwonnen. D'Direktioun huet nach probéiert, de Betrib um Liewen ze halen, mä um Enn steet awer den Depôt de bilan an eng 80 Employéeë musse sech eng nei Plaz sichen.

An eben dat Personal stoung um Dënschdeg am Nomëtten am Haff vun der Sermelux a se krute schonn Ziedele vun der Adem an d'Hand gedréckt. Déi gutt Nouvelle fir en etlech vun hinnen ass, datt d'Adem hinne scho Plaze konnt offréieren.

Dës Faillite ass nämlech eng, déi sech scho laang iergendwéi annoncéiert huet, seet mat ganz virsiichtege Wieder, de Marc Theisen, den Affekot vu Sermelux. Nieft him sëtzen zwee Administrateure vum Betrib. Si waren et och, déi 2015 eng ganz Partie Malversiounen an dëser Entreprise festgestallt hunn. E Betrag a Milliounenhéicht huet gefeelt. Am Dezember 2015 hätt een dunn eng Plainte beim Untersuchungsriichter deposéiert, sou de Marc Theisen. 

Malversioune seet den Affekot. Mä wat wier dat dann? Onéierlechkeeten, et si Suen aus dem Betrib erausgaangen, déi net hätten dierfen erausgoen, sou de Marc Theisen.

An ëm wéi vill Sue geet et? Aus der Siicht vum Marc Theisen an der Firma Sermelux ass et e Betrag, deen iwwert 5 Millioune geet.

Zanter zwee Joer hunn déi verbliwwen Administrateuren an hir Leit drëms gekämpft, de Betrib um Lafen ze halen, hu Scholden a Beiträg bezuelt an no engem Investisseur gesicht. Et ass awer e gréissere Marché verluer gaang. An du kruten d'Leit gesot, et wier eriwwer.

Fazit: 5 Milliounen Euro fort, et leeft eng Plainte an eng Enquête, de Curateur muss schaffen an 80 Leit sichen eng Plaz.

Faillite: 80 Salariée solle bei Sermelux entlooss ginn (14.11.2017)
D'Faillitte vun der Entreprise Sermelux vu Kielen kéint eng kriminell Ursaach hunn.

De Jean-Luc Matteis vum OGBL am Interview