Roumicht-MaartelUerg blesséiert bei Frontalkollisioun tëscht 2 Autoen

Op der N23 tëscht Roumicht a Maartel koum et um 16.30 Auer zu enger frontaler Kollisioun tëscht 2 Autoen.

E Chauffer, dee vum Kimm iwwert d'Route de Bigonville a Richtung Roumicht gefuer ass, ass an enger Kéier un d'Rutsche komm. Den Auto ass doduerch op d'Géigespur geroden a mat engem Auto, deen entgéint koum, kollidéiert. D'Automobilistin gouf duerch den Accident schwéier blesséiert an an d'Klinik ageliwwert. De Chauffeur gouf liicht blesséiert. D'Strooss hat nom Accident misse gespaart ginn.

Kuerz no 17 Auer en Dënschdeg den Owend waren tëscht Gonnereng an dem Waldhaff zwee Autoen aneneegerannt. Eng Persoun gouf liicht verwonnt.

Ee liicht Blesséierte gouf et och an engem Accident géint 17.30 Auer op der A4 tëscht Leideleng an Esch. Och hei waren zwee Autoen aneneegeknuppt.

Vill Chance hat ee Chauffeur, op der Escher Autobunn, tëscht Leideleng a Steebrécken, ee Wëllschwäin mat sengem Auto ze pake krut hat. Et ass kengem eppes geschitt.