6 Autoen am CoupAccident op der A1 suergt fir massive Réckstau

Den Accident mat 6 Autoen op der Tréierer A1 a Richtung Gaasperecher Kräiz virum Tunnel Cents ass geraumt.

Déi 2 Spure sinn erëm op, mä et staut zeréck bis op Fluessweller a bis op d'A7 an den Tunnel Grouft.

Wann Dir am Stau stitt, loosst w.e.g eng permanent Rettungsgaass an der Mëtt vun der Strooss fräi, fir dass d’Rettungsgefierer séier un hiert Ziel kënne kommen.

LINK: Rettungsgaass ka Liewe retten.