Wie kennt dëse Mann?Eelerem Här de Portemonnaie geklaut a Suen opgehuewen

D'Police sicht den Ament no engem Verdächtegen, deen engem eeleren Här am Bus de Portemonnaie geklaut huet.

© Police Lëtzebuerg

Wéi d'Police matdeelt, huet den Onéierlechen duerno mat de Kreditkaarte Suen op engem Bancomat am Garer Quartier an der Stad opgehuewen.

Intern Ermëttlunge hate bis ewell kee Succès, dowéinst riicht sech d'Police elo un d'Ëffentlechkeet.

Sämtlech Informatiounen zur Identitéit oder dem Openthalt vum presuméierten Täter, si fir d'Dikrecher Police um Nummer 4997-8500.