Gaasperech-ZéissengOp Kokain duerch Policespär gerannt, a Wiss gelaf, verhaft

An der Stad zu Gaasperech huet an der Nuecht op e Méindeg e Chauffer eng Policespär duerchbrach.

Police 2017© Police 2017

Dat war géint 3 Auer op der Kräizung Millewee mat der Rue de la déportation.

D'Police wollt e schonn e puer Mol virdru stoppen, wat deen awer net wollt. Bei enger richteger Stroossespär konnt ee Beamte sech nëmmen a Sécherheet bréngen, well en zur Säit gesprongen ass.

Zu Zéisseng war de Mann e bemol an enger Wiss ënnerwee, et ass dunn ze Fouss weider gaange bis d'Police en definitiv konnt stoppen.

De Mann stoung ënner Drogenafloss, huet zouginn, Kokain geholl ze hunn.

Um Sonndeg huet e maskéierte Mann mat enger Pistoul eng Tankstell zu Veianen iwwerfall, an der Rue de la frontière. Hien huet d'Fra hannert der Théik opgefuerdert, him d'Keess ze ginn. Dono huet e sech dervu gemaach. Eng Enquête leeft.