Bedruch leeft nach ëmmerOp Instagram a Facebook: Oppassen op Fake-RTL-Kont!

Op Facebook zirkuléiert dëse Screenshot vun engem falschen RTL-Facebook-Kont, wou ee soll en Handy kënne gewannen.

© Screenshot
Dee Kont ass RTL net bekannt a gëtt wuel vu Brigange benotzt, fir Leit eranzeleeën, also opgepasst op Trickdéiwen!



Ganz ähnlech gesäit d'Situatioun op Instagram aus, wou en Account mam Nicknumm RTLoffres LULULULU (@rtlluxembourg) existéiert.

© Screenshot Instagram - Anita Zimmer


Nieft RTL-Fake-Accounte ginn et och nach Onéierlecher, déi sech als falsch Lëtzebuerger Perséinlechkeeten, dorënner de Gilles Muller, ausginn. Och do gëllt et opgepasst.