5.056 ËnnerschrëftenPetitioun N°922 fir tiers payant bei den Dokteren

An dëser Petitioun gëtt gefrot, datt d’Patienten an Zukunft just nach sollen hiren Deel vun der Rechnung bezuelen, an net méi alles musse virstrecken.

Bannent nëmme 6 Deeg huet dës Petitioun um Chambersite scho 5.056 Ënnerschrëfte kritt (Stand 28. Dezember um 18.30 Auer). Si huet domadder d'Limitt erreecht, fir elo mol een ëffentlechen Debat driwwer ze féieren, dat heescht awer net, datt d'Propos ëmgesat gëtt. 

Ëm wat geet et an der Petitioun

Tiers payant bei den Dokteren / Reportage Max Weirig



An dëser Petitioun gëtt gefrot, datt d’Patienten an d’Zukunft just nach sollen hiren Deel vun der Rechnung bezuelen, a net méi alles musse virstrecken. De Systeme soll wéi dee bei de Kinéë sinn.

De System soll wéi dee bei de Kinéen an an den Apdikte gëllen, wou een och just säin Deel bezilt, an de Recht iwwerhëlt dann direkt d'CNS.

D’Petitioun ass vum Jill Sterba. Si huet a Frankräich studéiert an do vum franséische System kënne profitéieren. Elo fuerdert si esou e System fir d’Dokteschrechnungen zu Lëtzebuerg. A Frankräich hunn d'Leit eng sougenannt Carte Vitale. Beim Dokter stécht een d'Kaart dann an en Apparat an do gëtt dann automatesch deen Deel, deen d'Krankekees iwwerhëlt, ofgerechent an de Patient bezilt nëmmen nach dat, wat en ze bezuelen huet, sou d'Jill Sterba.  

Dat géif dem Konsument vill administrativ Paperassen erspueren an et misst een den Doktere keng Sue méi virstrecken. Ma wéi de System hei am Land kéint ëmgesat ginn, weess d’Jill Sterba nach net.

De Sujet vun der Petitioun huet d’Jill Sterba schonn zanter laanger Zäit beschäftegt.

D’Jill Sterba selwer huet net mat esou engem grousse Succès gerechent an ass erstaunt a glécklech iwwer d’Unzuel vun den Ënnerschrëften.

Méi Informatiounen iwwert d'Petitioun fannt Dir um Chambersite.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.