Nicolas SchmitMindestloun ënner Aarmutsgrenz am räichste Land vun EU

Dat géif net zu Lëtzebuerg passen, esou den LSAP-Aarbechtsminister, deen och op Aussoe vu Bettel, Wiseler an dem neien UEL-Generalsekretär reagéiert huet.

De Mindestloun ass um beschte Wee, e Walkampfsujet ze ginn, wou et gëllt, sech ze positionéieren:

"De Mindestloun gëtt e wichtegt Thema am LSAP-Wahlkampf", hat de rouden Aarbechtsminister Nicolas Schmit gesot. An der Sozialpolitik heiheem steet jo zanter enger Zäit d'Fuerderung vum OGBL am Raum, fir de Mindestloun ëm 10% eropzesetzen.

Den Aarbechtsminister Nicolas Schmit sot dozou am RTL-Radio-Lëtzebuerg-Interview, dass, wann an den nächste Méint op deem Plang näischt geschitt, dat fir d'LSAP e fundamentale Punkt fir déi nächst Legislaturperiod wär. Hie selwer hätt d'Fuerderung vum Onofhängege Gewerkschaftsbond awer net tel quel iwwerholl.

Den Nicolas Schmit



De Minister ass deemno der Meenung, dass dee Sujet e wichtegt Thema am Walprogramm an am Walkampf vun der LSAP dierft sinn.

Den Nicolas Schmit (2)



Et hätt nach keng Diskussioun mam Patronat iwwert d'Fro vum Mindestloun ginn: Wann et dozou kéim, misst sech weisen, wéi wäit een do kéint weiderkommen, sou den Nicolas Schmit.

Fir d'Patronat huet iwwerdeems den neie Generalsekretär vun der UEL, also der Union des entreprises luxembourgeoises, Jean-Paul Olinger, kloer gemaach, datt een net fir eng Hausse vum Mindestloun wier.

De Jean-Paul Olinger war en Dënschdeg de Moien den Invité vun der Redaktioun vu Radio Lëtzebuerg.

RTL-NEWS: Invité vun der Redaktioun - Jean-Paul Olinger (2. Januar) - UEL-Generalsekretär géint Hausse vu Mindestloun.

Op de Mindestloun ugeschwat, sot hien: Wien vun Hausse schwätzt, misst sech dem reellen Impakt dovunner bewosst sinn. Zum Beispill géifen d'Leeschtungen am Handwierk riskéieren, méi deier ze ginn. Do géif sech d'Fro stellen, ob d'Residenten dann nach bereet sinn, dee Präis ze bezuelen. Et wier wuel wichteg, datt jiddereen zu Lëtzebuerg gutt liewe kann. Op Basis vun deem, wat haut gewosst ass, wier d'UEL sech awer net sécher, ob d'Erhéijung vum Mindestloun de richtege Wee ass, sou den Invité vun der Redaktioun.

Op Télé Lëtzebuerg, wou den Aarbechtsminister en Dënschdeg den Owend um Plateau war, huet den Nicolas Schmit nach eemol säi Standpunkt betount, huet awer gläichzäiteg ënnerstrach, datt de Jean-Paul Olinger eng verstänneg Sprooch schwätze géing, och wann en net an d'Hänn klappe géing a soe géing, datt de Mindestloun direkt muer misst eropgesat ginn.

Nicolas Schmit: Mindestloun läit ënnert Aarmutsgrenz (02.01.2018)
Op Télé Lëtzebuerg huet den LSAP-Aarbechtsminister sech fir méi en héije Mindestloun ausgeschwat an op Äusserunge vu Bettel, Wiseler, an UEL reagéiert.


De Minister huet nach eemol säi Standpunkt argumentéiert: Zu Lëtzebuerg géif de Mindestloun liicht ënnert der Aarmutsgrenz leien, dat géif net bei dat räichste Land an der Europäescher Unioun passen. D'Aarmutsgrenz géif 60 Prozent vum mediane Loun entspriechen (mediane Loun: 50% leien driwwer a 50% leien drënner). "Eise Mindestloun, netto gesinn, läit do drënner, dofir muss een dat upassen!"

A Lëtzebuerg géif sech an der EU fir e generaliséierte Mindestloun staark maachen, deen an de jeeweilege Länner Minimum 60% vum mediane Loun duerstellt. "Et liicht mir also net an, firwat dat net hei zu Lëtzebuerg, an deem räichste Land vun der Unioun, net sollt geschéien."

Schmit: Situatioun vun UEL bësse falsch duergestallt

D'Angscht, datt d'Handwierker dann hei ze deier géife ginn an nach méi op Firmen aus dem noen Ausland zeréckgegraff géif ginn, konnt den Nicolas Schmit net novollzéien, well Handwierker aus dem Ausland, déi hei géife schaffen, missten och de Mindestloun vun hei bezuelen. D'ITM géif dat och kontrolléieren. An eng nei Direktiv géif virgesinn, datt auslännesch Betriber an Zukunft souguer dee selwechte Loun musse bezuelen, deen och Lëtzebuerger Firmen an deem Secteur bezuelen. Dofir wier dat d'Situatioun e bësse falsch duergestallt.

Bettel: Diskutéieren no Analysen

De Premier Xavier Bettel hat sech jo am Neijoerschinterview net direkt fir eng Hausse ausgeschwat, hien hat gesot, et kéint een driwwer diskutéieren, wann d'Analysen do sinn. Lo froen, 10% erop oder net, wier e Feeler.

Wiseler: OGBL/LSAP-Fuerderung net opportun

Och de Claude Wiseler vun der CSV hat sech skeptesch geäussert. Et wier een zwar der Meenung, datt de Mindestloun reegelméisseg de Lounevolutioune misst adaptéiert ginn. Ma d'OGBL-Fuerderung vun enger 10%-Hausse, déi vun der LSAP-Ministeren iwwerholl gi wier, wier de Moment weder opportun nach realistesch.

Schmit: Strukturell Hausse ... plus 100 Euro netto pro Mount

Den Nicolas Schmit huet d'Gespréichsoffer vum Premier begréisst, dat géif zum sozialen Dialog gehéieren, ma eng strukturell Upassung misst d'Zil sinn, well Upassunge géif et reegelméisseg ginn, ma déi wieren an der Lescht minimal ausgefall (1,4 an 0,1 %). Dem Claude Wiseler huet den Nicolas Schmit reprochéiert, net genee nogelauschtert ze hunn, d'LSAP hätt den OGBL-Virstouss vun enger Hausse ëm 10 Prozent net tel quel iwwerholl. Hien hätt elo d'Lat vu 60% vum mediane Salaire genannt, dat wieren eng 100 Euro de Mount.

Am Interview op der Tëlee war och d'Digitaliséierung e Stéchwuert. Hei hätt d'LSAP sech absolut kloer positionéiert, well "d'Digitaliséierung déi gréissten Erausfuerderung fir eis Wirtschaft, fir d'Aarbechtswelt ass".

Dofir wéilt ee méi qualifizéieren an d'LSAP sollt deene Jonken eng Ausbildungsgarantie an eng Ausbildungsflicht bis 18 Joer an der nächster Legislaturperiod ginn.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.