Schüler amplaz FlüchtlingenEcole de la 2ième Chance amplaz Containerduerf zu Mamer

Dat geplangte Containerduerf fir 300 Flüchtlingen an der Gemeng Mamer ass vum Dësch d'Verwaltungsgeriicht huet elo den Règlement grand-ducal annuléiert.

Kee Flüchtlingsheem, mä eng Schoul um Tossebierg (12.01.2018)
Dat geplangte Containerduerf fir 300 Flüchtlingen an der Gemeng Mamer ass vum Dësch d'Verwaltungsgeriicht huet elo den Règlement grand-ducal annuléiert.
Nodeems schonn déi geplangte Containerdierfer fir Réfugiéen zu Jonglënster an zu Stengefort verworf gi sinn, ass zanter e Freideg och de Projet Mamer Flüchtlingsheem definitiv vum Dësch.

Eng 40 Awunner hate virum Verwaltungsgeriicht géint di geplangte Struktur geklot, an hirem Uerteel hunn elo d'Riichter den deementspriechende  Règlement Grand-Ducal annuléiert.  

Op d'Areal nieft dem Campus Tossebierg soll dofir elo eng nei Schoul gebaut ginn.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.