Mat Dréileeder gebuergenAarbechter um 5. Stack vun engem Chantier um Belval verwonnt

E Méindeg de Moien huet sech en Aarbechter um 5. Stack vun engem Schantjen um Belval blesséiert. D'Rettungsaktioun sollt net sou liicht sinn.

© Cisea

Um 7.44 Auer gouf d’Permanence vun de Pompjeeë vum Cisea op de Belval an d’Avenue de l’Univérsité geruff, fir hire Kollege vun der Ambulanz ze hëllefen. En Aarbechter hat sech um 5. Stack vun engem Chantier blesséiert, konnt awer net méi duerch Trapenhaus gebuergenginn.

D’Pompjeeën hunn de Blesséierte misse schounend mat der Dréileeder biergen.

Op der Plaz war d’Permanence vun den Escher Pompjeeë mat 2 Ween a 6 Leit, grad wéi d’Ambulanz vum Cisea.