Op den 31. JanuarD'Anne Brasseur trëtt aus der Chamber zréck

D'Anne Brasseur huet decidéiert, fir aus der Chamber ze demissionéieren. Dat huet d'DP-Deputéiert um Dënschdeg de Mëtteg an der Plenière annoncéiert.

Si leet hiert Mandat op den 31. Januar néier.

D'Anne Brasseur



Et wier net ëmmer einfach gewiescht, esou d'Anne Brasseur an hirer Deklaratioun, si wier 42 Joer laang politesch aktiv gewiescht an dat mat Häerz a Séil.

D'Anne Brasseur war 1979 eng éischte Kéier an d'Chamber gewielt ginn.

Vun 1999 bis 2004 war si Ministesch fir Erzéiung, Beruffsausbildung a Sport.

D'Anne Brasseur souz och am Stater Gemengerot a si war 2014 zur Presidentin vun der Assemblée vum Europarot gewielt ginn.

Extrait Anne Brasseur (16.01.2018)
Op den 31. Januar stellt d'Anne Brasseur hiert d'Mandat zu Verfügung, dat, well si net méi mat an déi nächst Wahle wëll goen.

Den Nächstgewielten op der DP-Lëscht bei de Chamberwahlen 2013 war de Bartrenger Buergermeeschter Frank Colabianchi, deen elo den 1. Februar noréckelt.

© DP

De Frank Colabianchi seet, e wier iwwerrascht gewiescht iwwert déi Entwécklung. E puer Méint bleiwen dem Frank Colabianchi elo an der Chamber. Eng Zäit, an där hie sech natierlech do matabrénge wëll an an där hie kloer Prioritéiten huet. Hie géif aus der Educatioun kommen. No der Schoul an der Jugend misst jo ëmmer gekuckt ginn.

De Frank Colabianchi



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.