VIDEO: Trennung Kierch a StaatKierchefabrécken: Enn vun enger Ära

Um Mëttwoch gouf an der Chamber, mat 34 Jo-Stëmmen a 26 Nee-Stëmmen, de Gesetzprojet fir d'Opléise vun der Kierchefabrécken, ugeholl.

Kierchefabricken: Enn vun enger Ära (17.01.2018)
D'Ofschafe vun de Kierchefabrécken, de leschte Schratt vun der Trennung vu Kierch a Staat, war um Mëttwoch de grousse Sujet an der Chamber.

D'Gesetz vum Ofschafe vun de Kierchefabrécken, de Projet 7037, ass an der Chamber gestëmmt ginn: Mat 34 Jo-Stëmmen a 26 Nee-Stëmmen. Vum Abrëll u soll d'Gesetz gëllen.

D'Kierchefabrécke ginn domat ofgeschaf, amplaz kënnt e Fong, deen dem Bistum ënnersteet, an deen d'Verméigen an d'Aufgabe vun de Kierchefabrécken iwwerhëlt. Bal 4 an eng hallef Stonn laang gouf doriwwer an der Chamber diskutéiert. Am Ufank roueg a sachlech. Um Enn vun der Sëtzung ass et e Mëttwoch awer méi héich hiergaangen.

CSV an d'ADR si géint de Gesetzprojet an d'ADR géif, wa si da géif an d'Regierung kommen, dat Ganzt réckgängeg maachen an ofänneren.

Um Enn vum Debat hunn d'Deputéiert Michel Wolter (CSV) an Alex Bodry (LSAP) hir Argumenter virgedroen. Fir de fréieren CSV-Inneminister hält d'Gesetz juristesch d'Strooss net. Hien huet och en Amendement agereecht, well Gemengen hir Proprietéit ewechgeholl géife kréien. Villes wär decidéiert ginn, wat esou net geet.

Extrait Michel Wolter

Den LSAP-Fraktiounspresident Alex Bodry huet geäntwert, datt déi aktuell Texter total vereelzt wären a juristesch ufechtbar sinn. D'CSV wär dat net ugaangen, mä géif ëmmer just op d'Zäit spillen. Déi aktuell Regierung dogéint war der Meenung, datt elo de Moment komm wier, fir dës Ännerungen ze maachen.

Extrait Alex Bodry

Fir den Alex Bodry war dat, wat elo geschitt, de richtege Wee. Hie schléisst juristesch Nowéien net aus, mä déi dierft een net fäerten.

Zum Schluss vun der Sëtzung gouf et dach awer e bësse méi polemesch tëscht dem Minister Dan Kersch an der CSV. Den LSAP-Inneminister huet gemengt, d'CSV hätt jo kënnen an hirer Zäit reforméieren, mä hätt an deem Dossier Gottes Waasser iwwer Gottes Land lafe gelooss an näischt ënnerholl. Den Dan Kersch huet sech och beklot, datt hien an deem Dossier perséinlech a ganz hefteg attackéiert gouf.

D'CSV huet sech duerno nees d'Wuert gefrot an de Michel Wolter huet gemengt, sou eppes hätt hien a 34 Joer Chamber nach net erlieft. De Minister wär net op d'Kritike vun den Deputéiert agaangen an hätt CSV-Bashing gemaach. De fréieren CSV-Inneminister Michel Wolter: Ech sinn elo am 34. Joer an der Chamber an ech hu seelen en Optrëtt vun engem Minister gesinn, wéi deen, dee mir elo déi lescht 25 Minutte iwwer eis hu missen ergoe loossen.

Extrait Michel Wolter (2)



D'LSAP huet gekontert, dës Regierung hätt wéinst eppes gemaach, d'CSV hätt alles schleefe gelooss a verpasst d'Kierchefabrécken ze reforméieren.

Extrait Patrick Ries



Weider war et d'Ausso vum Dan Kersch: D'CSV, an dovunner sinn ech fest iwwerzeegt, hätt an dësem Dossier weider Gottes Waasser iwwer Gottes Hand lafe gelooss, wuelwëssend, dass de kritesche Pegelstand scho méi wéi erreecht war.  

Extrait Dan Kersch



Syfel: Op eventuell Ännerunge no de Wahle waarden


De Syfel, de Syndicat vun de Kierchefabrécken, huet déi ganz Sëtzung op der Chamberstribün verfollegt. Duerno sot de Patrick Ries, Sekretär vum Syfel, datt d'CSV gutt hir Positioun ausgedréckt hätt. Et wär erstaunlech, datt gesot gëtt, d'Kierch wär just de Bëschof. D'Membere vun der Kierch géifen net zielen, mat hinne géif net geschwat ginn. Dat wär keng modern Approche.

De Syfel schafft elo weider, kuckt ob sech no de Wahlen nach eppes ännert. Wat elo genee déi nächst Schrëtt sinn, kéint een nach net soen.

Den Engagement vun de Benevollen, vun de Gleewegen an der Kierch kéint awer erofgoen.

De Patrick Ries huet gemengt, datt et elo wichteg gëtt, wéi de Fong organiséiert gëtt. Dat kéint dezentral geschéien, misst awer net. Deemno wéi hunn d'Leit näischt méi matzedecidéieren, si géife gesinn, datt hiert Benevolat net wäert geschätzt gëtt. Wann ee sech d'Dokumenter, déi ee bis elo huet, géing ukucken, da wär alles op de Bëschof ausgeriicht, sou de Patrick Ries. De Bëschof géing deen Ament jiddereen ernennen an entloossen, donieft géing op lokalem Plang keng Decisioun méi iwwreg bleiwen, ausser wéi eng Zort Mass ee keeft a wéi eng Hostien, sou nach de Sekretär vum Syfel. Weider war et d'Ausso, datt dat keng valabel Zesummenaarbecht wär an d'Leit doduerch géinge gesinn, datt hiert Benevolat net wäert geschätzt géing ginn.    

Extrait Patrick Ries

 

De Syfel géif net zu engem Streik oder Protest opruffen, mä vill Leit hätte keng Loscht méi, sech gratis z'engagéieren, well se sech schlecht behandelt fillen, sou nach de Patrick Ries.

E Freideg de Mëtteg reagéiert de Bistum, de Generalvikar, op enger Pressekonferenz op de Vott vun e Mëttwoch de Mëtteg an der Chamber.

Am Virfeld



Déi 285 Kierchefabrécken am Land wäert et vun Abrëll un net méi ginn. E Fong, deen dem Bistum ënnersteet, soll d'Verméigen an d'Aufgabe vun de Kierchefabrécken iwwerhuelen, zum Beispill fir den Ënnerhalt suergen.

Déi lescht Méint huet misse gekläert ginn, wiem e Kierchegebai gehéiert. Gehéiert se enger Gemeng, kann déi Kierch awer weider als „Gotteshaus“ genotzt ginn, si muss awer fir e Joresloyer vun 1.000 bis maximal 2.500 Euro verlount ginn. D'Gemengen däerfen sech net un der Finanzéierung vum Fong bedeelegen, kënnen awer e Subside gi fir eng Renovatioun oder eng Verschéinerung an enger Kierch.

Fir d'CSV sot d'Deputéiert Diane Adehm, datt déi Blo-Rout-Gréng sech dierft op d'Schëller klappen, mä d'Lëtzebuerger Gesellschaft wär auserneegedriwwe ginn. D'CSV hätt och reforméiert, mä am Dialog. De Konsens hätt misse fonnt ginn. Hei wär e Projet a „Bulldozerfassong“ op den Instanzewee bruecht ginn. Et wär just ëm Ideologie gaangen.

Den CSV-Deputéierte Michel Wolter, fréieren Inneminister, huet gemengt, datt d'Gesetz juristesch d'Strooss net hält. Villes wär decidéiert ginn, wat esou net geet. Um Mëttwoch géif net d'Trennung vu Kierch a Staat decidéiert ginn, mä just de Contraire.

D'CSV wäert de Gesetzprojet net mat stëmmen.

De Claude Haagen vun der LSAP, deen och Rapporter ass, huet ënnerstrach, datt een d'Kierch net wéilt futtimaachen – wat der Regierung dacks géif ënnerstallt ginn. Et gi jo aarm a räich Kierchefabrécken, déi kéinte sech net géigesäiteg hëllefen. Am Fong géif par Konter de Solidaritéitsgedanke spillen.

D'DP-Deputéiert Lydie Polfer wollt net vun enger Trennung vu Kierch a Staat schwätzen, mä vun enger Neireegelung vun de Relatiounen tëscht der Kierch an dem Staat.

Si kéint och sécher net bestätegen, datt et keen Dialog gi wär. An der Stad wär zesumme mat den 21 Kierchefabrécken diskutéiert a geschafft ginn. 21 vun 23 Kierche gehéieren der Stater Gemeng, inklusiv d'Kathedral, an zwou der Kierch.

An der Stad Lëtzebuerg géif och no der Reform nach ëmmer Mass gehale ginn. Fir déi gleeweg Leit géif sech näischt änneren.

Déi Gréng
géife schlo laang un enger propperer Entflechtung vu Kierch a Staat schaffen, sot de Roberto Traversini.

Zil war et, Kloerheet ze kréien, wiem déi bal 500 Kierchegebaier gehéieren a wéi d'Gestioun soll ausgesinn, huet de gréngen Deputéierte präziséiert. Et wäre Réckstänn opgeholl ginn a vill Gebaier geschützt ginn.

Och d'ADR stëmmt dergéint, huet de Gast Gibéryen betount. Bistum an CSV wären erpresst ginn. Per Gesetz an iwwer d'Käpp ewech vun de Kierchefabrécke géif einfach esou e Fong geschafe ginn, dat wär verfassungswiddereg. D'ADR géif dat réckgängeg maachen – wa se da kéint.

Fir déi Lénk ass dat hei keng richteg Trennung vu Kierch a Staat an awer e klengen a wichtege Schrëtt.

Bis ewell gëtt ganz roueg an der Chamber debattéiert. Déi Responsabel vum Syfel, dem Syndikat vun de Kierchefabrécken, sëtzen op der Tribün.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.