VIDEO: Ausstellung "Konsum Monsun": Méi recycléieren, bewosst konsuméieren
Wéi kritt een d'Leit dozou méi ze recycléieren an méi bewosst ze konsuméieren?
Ausstellung Konsum Monsun (27.01.2018)
Méi recycléieren, bewosst konsuméierenDës Holzen Figuren maache vu nächster Woch un den Tour vun allen Busarrêten zu Jonglënster. Mat Panneaue gëtt op Problemer opmierksam gemaach, op der Récksäit gëtt dann och direkt eng Léisung ugebueden, erkläert de Mike Hagen vun der asbl.




D'Holzfigure sollen Leit symboliséieren, déi Knascht asammelen. D'ASBL Equiclic ënnerstëtzt nämlech eng Associatioun an Indien, déi Offall asammelt. An dohier och den Numm vun der Expo: Konsum Monsun.
Wat de Recycling ugeet, sinn d'Lëtzebuerger Stéit relativ engagéiert. Op der anerer Säit konsomméiere si och vill. Dacks gëtt eppes changéiert bei de Lëtzebuerger an da gëtt dat alt ewechgehäit, respektiv recycléiert.
D'Expo ass vu Februar bis Mäerz zu Jonglënster ze gesinn. Weider Gemeng hunn schonn Interessi ugemellt, fir d'Ausstellung och bei sech ze weisen.
Är Commentairen - Netikett
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.