RodangeEen Auto hat an enger Garage Feier gefaangen

E Mëttwoch an der Mëttesstonn hat zu Rodange an der Route de Longwy een Auto an enger Garage ugefaange mat brennen.

© CIS Pétange
Nieft dem Auto stoung och d'Garage deelweis a Flamen.

Pompjeeë vu Péiteng a vu Käerjeng, eng Ambulanz vu Péiteng an och d'Police vun Déifferdeng waren op der Plaz am Asaz. Beim Tëschefall goufe keng Persoune blesséiert. D'Familljenhaus hat misse fir e puer Stonne gelëft ginn a gouf dunn nees fräi ginn.