Lëtzebuerg ass wäissUm Dënschdeg huet sech de Wanter zeréckgemellt

Am Laf vum Moien hat et ugefaangen zolidd ze schneien, wat nawell zu jett Problemer am Trafic gefouert hat.

Tëscht 5 an 10 cm Schnéi hat Meteolux fir den Zäitraum vum Dënschdeg de Mëtteg bis Hallefnuecht prognostizéiert.

D'Streedéngschter hate vill ze dinn an nawell gouf et Problemer am Trafic.

Vill kommentéierten Artikel op 5minutes.lu: Frontalier, j'ai vécu une matinée de galère sur les routes.



D'Police hat op de sozialen Netzwierker och nach emol drop opmierksam gemaach, datt nach ëmmer vill Automobiliste mat Summerpneuen ënnerwee wieren. Zanter November hätt ee schonn 121 Protokoller verdeelt.