2 Rendez-vousenLUMA LUMA meets René Hilbert

En Treff vu Musek a Fotoen: den 11. Februar um 18 Auer an der Kierch zu Huelmes an de 25. Februar um 18 Auer an der Kierch zu Käerjeng.

Eng musikalesch a fotografesch Rees verspriechen zwee Rendez-vousen, déi am Februar elo an de Kierchen zu Huelmes an zu Käerjeng sinn.

Op d'Biller vum René Hilbert, besser bekannt als "Ren on tour", deem seng Reesreportagen och reegelméisseg op RTL.lu ze fanne sinn, spillt den trio vu Luma Luma an intensivéiert doduerch déi visuell Andréck - et ass d'Kombinatioun vun deene kosmesche Kläng an den Impressioune vun engem Kosmopolit, déi de Reiz vun den zwou Soiréeën ausmécht.

"Luma Luma meets René Hilbert" e Sonndeg, 11. Februar um 18 Auer an der Kierch zu Huelmes an e Sonndeg, de 25. Februar um 18 Auer an der Kierch zu Käerjeng. Entrée: 15 Euro, Reservatioune via lumaluma@pt.lu.

Loscht op cool Reesen? Hei dem Ren on tour seng Reportage mat beandrockende Fotoen!



Hei drënner déi offiziell Matdeelungen iwwer den Event zu Huelmes.



Op Franséisch
Luma Luma et René Hilbert vont se retrouver dans l'église de Hollenfels pour une rencontre d'images et de sons, projetées et diffusées dans un espace intemporel, afin de partager une heure durant des instants d'ailleurs!

Les images et la musique possèdent une fréquence vibratoire et des intervalles capables d’interpeller l’esprit et le corps. Un moyen de traduire l’émotion et les formes, autrement que par le verbe.

L’église sera chauffée, donc vous ne risquez pas de vous enrhumer!

Luma Luma Cosmic Sounds: Gast Klares, Laurent Hoffmann, Lex Gillen

René Hilbert: oeuvres photographiques

Entrée: 15€

Réservations: lumaluma@pt.lu

Op Däitsch

Luma Luma und René Hilbert werden in der Kirche von Hollenfels eine spontane Komposition von Bildern und Tönen präsentieren. Lassen Sie sich für eine Stunde in einem zeitlosen Raum an einen unbekannten Ort entführen!

Bilder und Musik haben eine Schwingungsfrequenz und Intervalle, die Geist und Körper herausfordern können. Eine nonverbale Kommunikation um Emotionen und Formen zu übermitteln.

Die Kirche wird beheizt sein.

Luma Luma Kosmische Klänge: Gast Klares, Laurent Hoffmann, Lex Gillen

René Hilbert: Fotografien

Eintritt: 15€

Vorbestellung: lumaluma@pt.lu

WEIDER INFOEN HEI:

www.lumaluma.com

http://www.rtl.lu/lifestyle/reesen/ren-on-tour/

Weider Evenementer fannt Dir hei.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.