Viru Barrière zu DippechAmbulanz huet 6 Minutte gewaart, néideg Prozedure lafen

Op der Dippecher Gare huet um Dënschdeg de Moien eng Ambulanz misse virun enger zouener Barrière waarden.



Déi meescht Automobiliste kennen de Problem vun der Barrière zu Dippech. Ass se bis zou, muss een nawell Gedold matbréngen, ier d'Barrière nees opgeet.

Och d'Jeanette Gales hat vill Zäit, wéi si en Dënschdeg zu Dippech Gare do stoung ze waarden. Hir ass do och eng Ambulanz opgefall, déi virun der zouener Barrière stoung, mat bloe Luuchten. Si huet sech d'Fro gestallt, ob déi dës Streck huet misse benotzen, ëmmerhin huet d'Ambulanz vum SaDiff geschloe 6 Minutte misse waarden.

Richtegstellung: Effektiv gouf d'Bild vun enger opmierksamer Mobile-Reporterin erageschéckt an do hat et geheescht et wier eng Ambulanz vu Péiteng, d'Ambulanz war awer vu Suessem/Déifferdeng.

Wéi den Asazzenter Péiteng/Käerjeng e Mëttwoch de Moien präziséiert, wier d'Barrière zu Dippech e grousse Problem, dee scho méi laang bekannt wier. An deem Sënn géifen d'Ambulanzzentre vu Péiteng a Mamer, déi normalerweis op Dippech fueren, aner Schläichweeër benotzen, respektiv aner grouss Axe benotzen fir an d'Spidol ze kommen.

Déi néideg Prozeduren géifen awer scho lafen, dem Staat géifen awer nach e puer Terraine feelen, fir de Contournement ze bauen.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.