Unanime ugehollLëtzebuerg kritt en neit Marché-Public-Gesetz

An der Chamber ass den entspriechenden Text unanime ugeholl ginn, also all d'Deputéiert hunn derfir gestëmmt.

An Zukunft ginn ëffentlech Opträg net méi onbedéngt un dee mat der bëllegster Offer, mä zousätzlech Critèrë spillen eng Roll. Nieft dem Präis ginn och d'Qualitéit an déi sozial, déi ëmweltfrëndlech an déi innovativ Aspekter gekuckt.

Et ass och virgesinn, datt e Betrib, deen d'Aarbechtsrecht net respektéiert direkt vun der Soumissioun ausgeschloss gëtt, respektiv de Chantier zougemaach gëtt an en aneren den Zouschlag kritt.

Dat neit Gesetz soll och fir méi Transparenz suergen, ob zum Beispill Sous-traitanten matmaachen. Opträg kënnen an Zukunft och op e puer Opträg a méi kleng Betriber opgedeelt ginn. Kleng- a Mëttelbetriber sollen esou méi vun den ëffentlechen Ausschreiwunge kënne profitéieren.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.