Invité vun der Redaktioun (9. Februar)Michel Pauly vun der Plattform "forum culture"

Invité e Freideg de Moie kuerz no 8 Auer am Studio vu Radio Lëtzebuerg war den Historiker Michel Pauly.

Aus der Perspektiv vum Historiker riskéiert d'Archivgesetz op verschiddene Plaze restriktiv ze ginn. Esou seet et am Resumé den Historiker Michel Pauly, deen e Freideg de Moien den Invité vun der Redaktioun war.

Et wier notamment ze bedaueren, datt beim Thema Steieren d'Diere fest zougemaach ginn.
 

De Michel Pauly (Extrait1)



Bei der Ausschaffung vum Gesetz wier och net mat den Utilisateuren, also notamment den Historiker, geschwat ginn, bedauert de Michel Pauly.

Hien hofft trotzdem, datt d'Historiker mam neie Gesetz méi Abléck kréien an datt méi Flexibilitéit geschafe gëtt.
Jiddefalls wier et emol ganz wichteg, datt iwwerhaapt e Gesetz kënnt, fir datt alles, wat an d'Nationalarchiv gehéiert och sou gutt et geet dohinner kënnt an et net méi virkënnt, datt d'Original vum Nato-Vertrag vum Ausseministère geschreddert gëtt, sou wéi dat viru Jore soll geschitt sinn.

De Michel Pauly (Extrait2)



De Michel Pauly ass jo och Member vu „forum culture“. D'Plattform ass um Enn vun der Legislaturperiod enttäuscht iwwer d'Regierungsaarbecht, am Regierunsprogramm wier vill versprach ginn, mä duerno net vill ëmgesat ginn.


Invité vun der Redaktioun: Michel Pauly



Wéinst engem technesche Problem, gouf den Invité dës Woch ausnahmsweis net opgezeechent.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.