LuxairTëscht Direktioun a Gewerkschafte ginn et Fortschrëtter

De Sozialdialog tëscht de Gewerkschaften an der Luxair-Direktioun bleift komplizéiert, mä d'Situatioun schéint sech awer liicht entspaant ze hunn.

Dat beweist eleng de Fait, datt d'Direktioun vun der Airline zesummen mat OGBL, LCGB an NGL um Freideg kommunizéiert.

PDF: Pressecommuniqué

Et bleift, trotz gudde Gespréicher dobäi, datt de kompletten aarbechsrechtlechen Dossier, iwwert dee sech d'Luxair an d'Salariatsvertrieder net eens sinn, op der Conciliatioun bleift.

D'Accord sinn d'Direktioun an d'Gewerkschaften, datt eppes géint den Absentéissem an der Firma muss geschéien - en Aktiounsplang gëtt zesummen ausgeschafft.

Wat d'Kontroll vun de Stonnepläng, dem sougenannte POT, fir d'Fliger-Equipagen ugeet, sou krut d'Personal-Delegatioun dozou en Accès.

Eens ass ee sech och, datt d'Methodologie muss iwwerschafft ginn, mat där d'Luxair-Salariéen, jee no hire Funktiounen, klasséiert ginn.

Da sot sech d'Direktioun och bereet, absënns bei Luxair-Cargo, manner prekär Aarbechtskontrakter z'applizéieren, besonnesch och am Domaine vum Cargo-Handling, wou Saisonskontrakter sollen ewechfalen. An den aneren Domainer, déi direkt vun de Saisonen ofhänken, bleiwen dës Kontrakter awer bestoen.