Op der PompelAlles gëtt eng Grëtz méi bëlleg

Vun e Samschdeg Hallefnuecht u läit de Maximalpräis fir de Liter 95er bei 1,172 Euro, dat ass e Minus vun 2,5 Cent, beim 98er läit e bei 1,227 (-2,6 Cent).

Beim Diesel mécht d'Baisse 2,3 Cent aus op e Maximalpräis vun dann nach 1,017 Euro.

Och de Mélange 2-T gëtt méi bëlleg: -2,5 Cent op 1,672 Euro de Liter.

De Maximalpräis vum Äerdgas geet ëm 1,6 Cent erof op 0,712 Euro de Kilo.

Och de Brennes gëtt liicht méi bëlleg:

De Liter schwiefelaarme Mazout (50 ppm) geet ëm 2,1 Cent erof op 0,570 Euro, de Liter schwiefelfräien (10 ppm) fält ëm 2,5 Cent op 0,571, esou datt déi zwou Zorten elo praktesch dat selwecht kaschten (nach just 1 Cent Ënnerscheed).

Och déi eenzel Gaszorte si vum Samschdeg un eng Grëtz méi bëlleg.

D'Pëtrolspräisser am Iwwerbléck.