VIDEO: Jean Asselborn am NigerLëtzebuerger Kooperatioun mam Niger
Zanter 30 Joer kooperéiert Lëtzebuerg mam Niger. Dat westafrikanescht Land ass dat zweetäermst vun der Welt.
Vun RTL
Lëtzebuerger Kooperatioun mam Niger (09.02.2018)
Zanter 30 Joer kooperéiert Lëtzebuerg mam Niger. Dat westafrikanescht Land ass dat zweetäermst vun der Welt.Den Empfang fir de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn war häerzlech zu Niamey, der Haaptstad vum Niger. D’Lëtzebuerger sinn hei gutt ugesinn, seet hien.
39 Grad owes um 21.00 Auer, de Klimawiessel ass intensiv. Intensiv och de Programm vun der Lëtzebuerger Delegatioun am Niger, déi konstant encadréiert gëtt vun arméierte Polizisten an Zaldoten. D’Sécherheetsvirkéierunge sinn zolidd. Den Niger huet zwar a Saachen Demokratie eng bonne Note, awer Terrorgruppen, wéi Boko Haram, sinn eng permanent Menace.
84,5 Milliounen Euro fir d'Joren 2016 bis 2020, domat finanzéiert Lëtzebuerg Aktivitéiten an de Beräicher Educatioun, Beruffsausbildung, Landwirtschaft a Waasseropbereedung.
Hëllef op der enger Säit, ma och Commerce war en Thema. Zu Niamey huet den Ausseminister en accord aérien ënnerschriwwe fir d’Cargolux, déi 7 Mol d’Woch op Niamey ka fléien.
Är Commentairen - Netikett
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.