MeteoE Sonndeg de Moie war Lëtzebuerg nees "schnéiwäiss"

An der Nuecht op e Sonndeg huet et nees geschneit, am Éislek e bësse méi zolidd Flacken an och am Guttland koumen e puer Fläckelcher erof.

© RTL Archivbild
Wien d'Nues ewell virun d'Dier gestreckt huet, deen huet gemierkt: Et ass nawell gutt frësch, an der Nuecht ass och nees neie Schnéi gefall. Gréisser Perturbatiounen am Trafic sinn awer ausbliwwen, wann ee vum Vakanzentrafic ofgesäit.

E Sonndegnomëtte soll de Schnéi dann awer a Reen iwwergoen, deemno erwaart eis e Mix aus vereenzelt klenge sonnegen Amenter mat vill Wolleken, dat Ganzt bei maximal 5 Grad.

Aussiichten

Och de Méindeg fänkt nees mat Schnéi un, duerno soll et awer méi dréche ginn, mat méi Sonn a Wolleke bei maximale 4 Grad. Den Dënschdeg gëtt méi frëndlech mat enger gudder Portioun Sonn bei 1 bis 5 Grad.