VIDEO: Déidlechen Accident zu Rëmeleng69 Joer ale Mann vun Ëtteng ëm d'Liewe komm

Déidlechen Accident e Méindeg den Owend géint 23.30 Auer zu Rëmeleng an der Rue des Martyrs.

Déidlechen Accident zu Rëmeleng 12/02/2018 (13.02.2018)
69 Joer ale Mann vun Ëtteng (F) ëm d'Liewe komm.
Ee Mann, dee mat sengem Gefier a Richtung Frankräich ënnerwee war, koum kuerz virun der Grenz vun der Strooss of a krut e Bam ze paken.

De 69 Joer ale Fransous vun Ëtteng (Ottange) ass nach op der Plaz verscheet.

Am Asaz waren de Samu, d'Ambulanz an d'Police vun Esch, souwéi d'Rettungsdéngschter vun Rëmeleng.