A6: Rettungshelikopter am AsazAccident mat e puer Gefierer, 1 Persoun méi uerg blesséiert

En Dënschdeg den Owend gouf et op der A6 tëscht dem Briddel a Mamer en Accident tëscht e puer Gefierer. De Rettungshelikopter war am Asaz.

Beim Accident gouf op d'mannst eng Persoun méi uerg blesséiert.

D'Autobunn hat nom Accident misse gespaart ginn. De Rettungshelikopter war op der Plaz.

De Réckstau goung um 18.30 Auer nach bis op d'Zéissenger Kräiz.

En Accident gouf et en Dënschdeg den Owend géint 21 Auer um CR333 tëscht Ëlwen a Weiler. En Auto ass do an e Bam gerannt. Eng Persoun gouf verwonnt.