UewerkuerLäich virun engem Haus fonnt

En Donneschdeg an der Mëttesstonn gouf d'Police alarméiert, well virun engem Haus zu Uewerkuer de Kierper vun enger Fra louch.

D'Beamten, déi direkt op d'Plaz koumen, hunn do dann och d'Läich vun enger 84 Joer aler Fra fonnt. De Parquet gouf informéiert a koum zesumme mat engem Untersuchungsriichter op d'Plaz. Weider gouf och d'Spuresécherung informéiert. Fir déi genau Ursaach vum Dout ze klären, gëtt eng Obduktioun gemaach.