KäerjengAuto a Flamen, Gefor fir d'Haus

Um Donneschdeg an der Mëttesstonn hat en SUV an der Afaart vun engem Haus an der Rue de Schouweiler gebrannt.

© Centre d'Incendie et de Secours Pétange/Bascharage
Scho wéi de Brand gemellt gouf, war séier kloer, datt Gefor géif bestoen, datt d'Feier vum Auto op d'Haus géif iwwergräifen. Wéi d'Pompjeeën agetraff sinn, huet den Noper, mat der Hëllef vum Gaardeschlauch, probéiert, datt d'Feier net op d'Haus géif iwwergräifen. De Mann hat domadder Succès, well hie konnt d'Feier andämmen.



D'Pompjeeën hu Schaum géint d'Feier agesat a kruten en domadder séier ënner Kontroll. En technesche Feeler vum Auto kéint Ursaach vum Feier sinn.

Op der Plaz waren d'Pompjeeë vu Käerjeng an d'Police vun Déifferdeng.




En anere gudden Noper gouf et an der Rue du Chateau zu Weiler zum Tur. Hien hat gesinn, datt eng Tut mat Dreck nieft enger Scheier gebrannt hat an d'Rettungsdéngschter alarméiert. Dowéinst huet d'Feier och net op d'Schéier iwwergegraff an et ass bei klengem Materialschued bliwwen. Well Brandstëftung net ausgeschloss gëtt, huet de Parquet eng Enquête vun der Spuresécherung ugefrot.