Tweet vum VizepremierNeies vu GovSat1: Missioun leeft ganz no Plang

Bei der GovSat1-Missioun leeft alles no Plang. D'Solarzellen an d'Antenne goufen erausgefuer.

De Satellit ass an e puer Deeg a senger finaler Positioun ukomm. Do géifen da ganz vill Tester gemaach ginn. Dat huet den Etienne Schneider op Twitter bekannt gemaach.




Den 31. Januar 2018 géint 22.30 Auer eiser Zäit ass de Satellit GovSat1 eropgeschoss ginn.

Dem Wirtschaftsminister Etienne Schneider no géif de Satellitte dat Bescht matenee kombinéieren, wat Lëtzebuerg an d'USA ze bidden hunn, sou de Minister op Twitter

Fir d'Lëtzebuerger Delegatioun ronderëm déi Ierfgroussherzoglech Koppel war et e spannende Moment an d'Erliichterung war bei de Responsabelen an der Lëtzebuerger Delegatioun an de Gesiichter ze liesen, wéi d'Rakéit am Himmel verschwonne war.

Och den Ierfgroussherzog Guillaume huet op de Lancement reagéiert a gesot, hei hätt sech d'Geschicht widderholl.

De Start vum GovSat1 nach emol am Replay:



FOTOGALERIE: Lëtzebuerger Delegatioun fir Lancement vu Satellit an den USA

FOTOGALERIE: GovSat - Dag vum Launch-Versuch (Dënschdeg)


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.