Rassisteschen Hannergrond?Brutal Ausernanersetzung an engem Café zu Esch

Um Sonndeg de Moie fréi géint 5 Auer gouf d'Police alertéiert, well eng Persoun an engem Café an der Rue des Remparts attackéiert gi wier.

© RTL-Archiv
Kuerz drop goufe si informéiert, dass de presuméierten Täter e Messer bei sech hätt an dass d'Clienten de Mann géinge festhalen, bis d'Police op der Plaz wär.

Op der Plaz krut hien d'Handschellen ugedoen a gouf duerchsicht. D'Beamten hunn dobäi e Schlagrank fonnt.

D'Affer wär blesséiert gewiescht a gouf direkt vun de Sanitäter versuergt.

Zeien hunn ausgesot, dass de presuméierten Täter op e Grupp Leit duergaange wier a rassistesch Bemierkunge gemaach hätt.
Kuerz drop, hätt en de Café verlooss, mä wier zeréckkomm an hätt d'Affer brutal zesummegeschloen. En hätt anscheinend e Kichemesser a senger Hand verstoppt, wat och spéiderhin am Café konnt erëmfonnt ginn.

De Parquet gouf informéiert. De Mann gouf protokolléiert an d'Waffe saiséiert.