Nach een déidlechen AccidentFra vu 25 Joer bei Frontalkollisioun gestuerwen

Am Ausgang vu Réiden, wann ee Richtung Ell fiert, krute sech e Freideg de Mëtteg 2 Autoen ze paken - mat fatale Konsequenzen.

© Domingos Oliveira

E schwaarzen Dag op eise Stroossen: E Freideg hunn direkt zwou Persounen do hiert Liewe gelooss.

Eng 25 Joer al Fra aus der Belsch, déi eleng am Auto war, war géint 14 Auer op der N22 vu Réiden a Richtung Ell ënnerwee, wéi se am Ausgang vu Réiden op d'Géigespur koum a frontal an e Won, deen hir entgéint komm, gerannt ass.

De Schock war esou uerg, datt d'Fra nach op der Plaz verscheet ass.

Deen anere Chauffer gouf der Police no net blesséiert.



De Parquet huet de Miess- an Erkennungsdéngscht vun der Police mat der Enquête chargéiert.

D'Streck gouf nom Accident fir eng Zäit gespaart.

De Rettungshelikopter vun der Air Rescue war nach op d'Plaz geruff ginn.

Am Asaz waren och den Asazzenter vu Réiden, dee vun Ell, de Samu, d'Police an zwou Ambulanze vu Réiden.

Schonn um Freideg de Moien hat e Motocyclist op der Streck Eesebuer-Stafelter säi Liewe gelooss.

RTL-NEWS: Tëscht Eesebuer an dem Stafelter - 39 Joer ale Motocyclist um CR119 déidlech verongléckt.

Domat hunn dëst Joer ewell 12 Leit hiert Liewen op eise Stroosse verluer.