Abus de Faiblesse2 Joer Prisong mam Sursis a Geldstrof fir jonk Fra

Zu enger Prisongsstrof vun zwee Joer mat Sursis an enger Geldstrof vun 2.000 € gouf eng jonk Fra veruerteelt, där ë.a. Abus de faiblesse virgehäit gi war.

Tëscht 2008 an 2015 soll si v.a. mat de Kreditkaarte vun engem eelere Mann ëmmer nees Suen opgehuewen hunn. De Parties civiles muss d'Fra e Schuedenersatz vun am Ganze ronn 36.000 € bezuelen, esou d'Decisioun um Donneschdeg.