Päck aus Camion geklaut9 Méint Prisong wéint Violatioun vum Bréifgeheimnis

9 Méint Prisong: Dat war dann d'Strof, um Donneschdeg um Stater Geriicht, fir e Mann, deen ë.a. wéinst Violatioun vum Bréifgeheimnis ugeklot war.

Him war virgehäit ginn, am Abrëll-Mee 2016 eng onbestëmmten Zuel vu Päck aus engem Camion vun enger Pakverdeelungs- a Logistiksfirma geklaut ze hunn.