3 Blesséierter, 2 schwéierViru Police geflücht an iwwer Rondpoint Gluck geflunn

An der Nuecht op e Freideg koum et um 2.30 Auer zu engem spektakulären Accident, nodeems e Chauffer virun der Police geflücht war.

© Steve Müller (Archiv)
Op der Aire de Berchem ass enger Policepatrull en Auto mat franséische Placken duerch seng Fuerweis negativ opgefall. Wéi d'Beamten de Chauffer wollte kontrolléieren, huet dee Vollgas ginn an ass iwwert d'A3 an Direktioun Stad geflücht.

Wéi d'Police präziséiert, hu si de Won aus den Ae verluer, sinn awer an déi selwecht Richtung gefuer, fir e vläicht spéider nach emol ze begéinen an dann ze kontrolléieren.

Am Rondpoint Gluck huet d'Patrull festgestallt, datt de Chauffer, dee geflücht war, do en Accident hat. Den Auto war riichtaus iwwert de Rondpoint geflunn an ass den Hecken hänke bliwwen. D'Beamten hunn Éischt Hëllef geleescht.

De Chauffer an eng Fra, déi hannen am Auto souzen, ware schwéier blesséiert ginn a koumen an d'Spidol. De Bäifuerer gouf liicht verwonnt.

Bei der spéiderer Perquisitioun vum accidentéierte Won, huet d'Police e klenge Revolver an e bësse Marihuana sécher gestallt.