Accident tëscht Lampech an ZolwerChauffeur verléiert Kontroll iwwer Auto an iwwerschléit sech

E Samschdeg den Owend huet sech géint 20.15 Auer en Auto op der Stréck tëscht Lampech an Zolwer iwwerschloen an ass um Daach leie bliwwen.

© CIS Monnerech
De Chauffer, deen eleng am Auto war, gouf zwecks Kontroll mat der Ambulanz an Spidol bruecht.

Op der Plaz vum Accident waren den CIS Monnerech / Reckeng op der Mess, d'Ambulanz vum Asazzenter Déifferdeng an d'Police vum Déifferdeng am Saz.

E weideren Accident gouf et kuerz drop an der Stad am Boulevard Grande-Duchesse Charlotte. Hei waren zwee Ween net laanschtenee komm, dobäi gouf dem 112 no eng Persoun blesséiert.

Am Asaz hei: Stater Ambulanz an d'Beruffspompjeeën.