ZeienopruffOnbekannter hunn zwee Jugendlecher schwéier blesséiert

An der Nuecht vun e Freiden op e Samschde goufen an der Rue de Bouillon an der Stad, an der Géigend vum Kierfecht, zwee Jugendlecher schwéier blesséiert.

Nach ass net gewosst firwat. D’Täter sollen zu 3 bis 4 gewiescht sinn an net bekannt sinn. Wien eppes gesinn huet, soll sech bei der Stader Police mellen oder den 113 uruffen.