PoliceZe vill Gedronk , gepöbelt an iwwer de Futtballsterrain gelaf

Zwee alkoholiséiert Männer hunn e Samschdeg géint 19.00 Auer ee Futtballsmatch zu Stroossen ferme gestéiert.

D’Männer hunn net nëmmen déi aner Leit ugepöbelt, mee si carrement während der Partie e puer Mol iwwert den Terrain gelaf. Ee vun de Männer war scho Mëttes an engem Geschäft opgefall, wou e sech dernieft beholl hat. D’Police huet déi zwee matgeholl a si koumen fir auszeniichteren iwwergangsweis an den Arrest.