Veianen-NuechtmaneschtMotocyclist gestuerwen no Frontal-Crash mat Auto

Et koum zu engem déidleche Motorradsaccident um CR322 tëscht Veianen an Nuechtmanescht.

E Motocyclist war do um Sonndeg am Nomëtteg aus net gekläerter Ursaach mat engem Auto kollidéiert an ass nach op der Plaz vum Accident u senge Blessure gestuerwen. De 56 Joer ale Mann huet zu enger Grupp vun 3 däitsche Motocycliste gehéiert.

Nieft dem Rettungshelikopter waren och d'Rettungsdéngschter vun Ettelbréck a Veianen op der Plaz.

De Miess- an Erkennungsdéngscht ass beoptraagt ginn, fir d'Ursaach vum Accident erauszekréien.

© Police


Zu Käl an der Escher Strooss stoung an der Nuecht op e Méindeg géint 2.20 Auer en Auto a Flamen. Op der Plaz waren déi lokal Pompjeeën. Wéi den 112 mellt, ass kengem eppes geschitt.