Tëscht Biissen a ViichtenDéidlechen Accident tëscht engem Moto, engem Auto an engem Minibus

E Méindeg de Moie kuerz virun 8 Auer huet e Motocyclist um CR306 tëscht Biissen a Viichten säi Liewe gelooss.

Éischten Informatiounen no waren de Minibus an de Moto an Direktioun Biissen ënnerwee, wéi de Motocyclist ugesat huet fir z'iwwerhuelen. Wéi d'Police schreift koum deen Ament en Auto aus där anerer Richtung entgéint a béid Gefierer krute sech ze paken.

De Motocyclist gouf an eng Wiss geschleidert. D'Automobilistin huet d'Kontroll iwwert hire Won verluer, koum op d'Géigespur an ass do frontal mam Minibus kollidéiert. D'Fra gouf schwéier blesséiert.

Am Minibus waren nieft dem Chauffer och nach 3 Schoulkanner. Si goufe net blesséiert, koumen awer fir eng Kontroll an d'Spidol.

Fir den 30 Joer ale Motocyclist vu Groussbus sollt all Hëllef ze spéit kommen.

Op der Plaz waren de Groupe de support psychologique, d'Ambulanze vun Dikrech a Lëntgen, de Samu vun Ettelbréck, d'Pompjeeë vu Biissen a Lëntgen an d'Police. Och de Miess- an Erkennungsdéngscht gouf op Uerder vum Parquet geruff.

D'Strooss ass komplett fir den Trafic gespaart. Et soll een d'Streck den Ament evitéieren.