Immigratioun132 Persounen hunn am Mäerz eng Demande op Asyl gemaach

Am Laf vum Mount Mäerz dëst Joer hunn 132 leit hei zu Lëtzebuerg eng international Protectioun ugefrot

© RTL Archivbild
Dat huet d’Direction de l’immigration e Méindeg an hirem neiste Bulletin wësse gedoen.

Déi meescht Demande koume vu Leit aus dem Kosovo, aus Marokko an aus Syrien.

66 Leit kruten de Statut als Refugié unerkannt an domadder Asyl hei am Grand-Duché. Zanter dem 1. Januar läit déi Zuel elo bei 249.