VIDEO: Asazzenter Keel-TéitengDe Joresréckbleck 2017 am Video

Eleng am Asazzenter Keel-Téiteng goufen et 2017 am Ganzen 1.553 Asätz, och wann d'Benevolat ëmmer méi ofhëlt.

E Samschden, 14. Abrëll 2018, gouf am Asazzenter Keel-Téiteng zréck op dat vergaangent Joer 2017 gekuckt. Alles an allem goufen et 1.553 Asätz, déi meeschten dovunner wiere Rettungsasätz, Bränn oder Asätz mat der Ambulanz gewiescht.

Impressionnant ass de Video op alle Fall, virun allem well ee ganz no Ablécker an d'Aarbecht vun engem Asazzenter hei am Land kritt.

Obwuel e Réckgang vum Benevolat ze constatéieren ass, wier vill Aarbecht geleescht ginn, esou déi Responsabel. De ganze Video gëtt et natierlech och um Facebook-Site vum Asazzenter vu Keel an Téiteng ze gesinn.