Rue Pierre GrégoireKand zu Péiteng um Zebrasträifen ugestouss a verwonnt

Uerg verwonnt gouf e Kand e Méindeg den Owend géint 19.20 Auer an engem Accident zu Péiteng an der Rue Pierre Grégoire.

En Automobilist war stoe bliwwen, fir Kanner iwwert d'Strooss ze loossen. E Chauffeur den hannendru koum, huet mussen eng Vollbremsung maachen. Fir eng Kollisioun ze evitéieren, wollt de Mann laanscht den Auto virun him fueren a koum um Zebrasträifen un d'Halen. Do krut hien allerdéngs eent vun de Kanner ze paken. Et gouf an d'Kannerklinik gefouert. A sengem Bulletin um Dënschdeg de Moie fréi hat den 112 gemellt, dass d'Kand uerg verwonnt gouf.

Am Asaz waren d'Rettungsdéngschter vu Käerjeng a Péiteng souwéi de Samu vun Esch.

© Google Maps


Zu Ettelbréck an der Avenue des Alliés war e Méindeg den Owend géint 18.30 Auer e Cyclist vun engem Auto ugestouss ginn. D'Persoun um Vëlo gouf liicht verwonnt.